lb fr

Tiparlo Formatioun

2009-10-07

Den 20. Oktober 2009 fënnt hei am Gebai eng Tiparlo Formatioun statt. Tiparlo ass ee vun den OLEFA Tools di mir an eiser Schoul uwennen a ka benotzt gi fir Sproochopnahmen ze maachen an ze beaarbechten. Weiderhin huet den Tiparlo och nach nei Funktiounen. Séit neistem kann een och Text niewent den Opnamen derbäischreiwen an et kann een och d'Opnamen als MP3 exportéieren. Dat heescht, wann een z.B. d'Geschichte well op CD brennen, da klappt dat ouni Problem.

Falls dir drun interesséiert sidd, kënnt Dir Iech ënner www.ecole-medernach-ermsdorf.lu/formatioun aschreiwen.

Weiderhin ass moies och eng Présence virgesinn (9-12), wou d'Enseignante mat der Présence vun engem vun eisen Educdesign Mataarbechter am Klassesall zielen kann, sief et fir konkret Froen iwwer d'Tools ze stellen, oder fir d'Kanner mat den Tools schaffen ze loossen.


 Newsletter.pdf (369 KB)