Eis Schüler um Weltkannerdag2017-11-20D'Schüler vum Cycle 4 hunn den 20. November, den internationalen Dag vun de Kannerrechter, um "Kidhack" vun UNICEF Lëtzebuerg deelgeholl. Deen Dag sollten d'Kanner de Kommando vun der Politik a vun de Medien iwwerhuelen. 2 Woche virdrun ware mir bei RTL Radio Lëtzebuerg, fir Texter opzehuelen, déi um Weltkannerdag um Radio diffuséiert gi sinn. Eis Kanner hu sech vill Méi ginn a Reportagen opgeholl, Witzer erzielt, d'Kannerrechter opgesot, etc. Duerno krute mer och nach eng Visite guidée duerch d'Studioen vun RTL Télé Lëtzebuerg. Um Weltkannerdag ass eng kleng Delegatioun vum Cycle 4 vum Premierminister Xavier Bettel am Staatsministère empfaang ginn. Do konnten d'Kanner him Froen zum Thema Kannerrechter, awer och méi perséinlech Froe stellen. Den Här Bettel huet eis ganz vill erzielt, hien huet eis seng modern Konschtsammlung gewisen a mir krute suguer nach ee klengen Abléck a säi Bureau. Ee grousse Merci un UNICEF Lëtzebuerg, RTL Radio an Télé Lëtzebuerg an natierlech un eise Premierminister fir des wonnerschéin an onvergiesslech Erfahrung! |