Ganz léiwe Besuch am Cycle 4
2016-12-07
Haut de Mëtteg hate mir Besuch vun der Grande-Duchesse am C4. Ganz betraff vum Leed, dat vill Familljen erfuehr haten bei der Héichwaasserkatastroph am Juli huet si Undeel um Schicksal besonnesch vun de Kanner geholl. Si huet perséinlech mat den zwou Klassen vum 6. Schouljar geschwat. Si huet eis kloer gemaach, datt et wichteg as, sech Zieler ze setzen a fir déi ze schaffen, quasi ze kämpfen. Fir eise Beruffswonsch solle mir no eisen Talenter kucken, net no eise Schwächten. Wichteg as et, sou d'Grande-Duchesse, datt een dat wat ee mécht, gaere mécht. Mir soen hir Merci fir di léif Wierder a fir di Eier, di mir haut haten.